An der Gemengerotsëtzung vum 24. Abrëll 2024 ass een neien Kollaboratiounsaccord vun der Gemeng mat der Associatioun “Caritas Jeunes et Familles” a.s.b.l. ugeholl ginn. Nieft e puer allgemengen Ännerungen ass ee Cahier de charges fir d’Restauratioun erstallt ginn: mindestens 50% vun de Liewensmëttel mussen aus biologescher Landwirtschaft kommen an regional/saisonal Liewensmëttel musse privilegéiert ginn
Schëtter: Nohaltegt Iessen an der Maison Relais
24 April 2024











