Vum 16.9 bis den 22.9 hunn am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch eng sëlleg Aktiounen an der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt. Gestart gouf mat enger Sensibiliséierungscampagne, wou d’ Ëmweltkommissioun Informatioun zu verschiddenen Mobilitéitsthemen ausgeschafft huet. Dës Artikelen si wärend der Woch all Dag op de verschiddenen Medie vun der Gemeng publizéiert ginn. Mëttwochs huet am Centre de loisirs eng Reunioun bezüglech der Planung vum zoukënftege Citybus zesumme mat dem Büro Schroeder & associés stattfonnt.
Mobilitéitswoch Nidderaanwen 2024
16 Oktober 2024












