WS Klima-Adaptatioun am Kader vum Klimapaktdag

Home News Beiträge WS Klima-Adaptatioun am Kader vum Klimapaktdag
WS Klima-Adaptatioun am Kader vum Klimapaktdag

WS Klima-Adaptatioun am Kader vum Klimapaktdag

Klima-Bündnis Lëtzebuerg Aus der Praxis 07 Juni 2024

Zesumme mat de Kolleeg:innen vu CELL, EBL an IMS huet d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg um Klimapaktdag 2024 e Workshop zur Upassung un d’Klimakriis organiséiert. Iwwer 60 Leit hun dorunner an den 2 Sessiounen deelgeholl.

Zum Optakt hunn de Bruno Alves vum Emweltministère & an de Lex Faber vum CIPU eng Rei vu grondaetzlechen Informatiounen gedeelt. Deen een zum Update vun der nationaler Klima-Upassungsstrategie an deen aaneren e.a. zu den Erausfuerderungen vum Klimawandel am urbane Raum. Béid Présentatiounen fannt Dir heidrënner als Download.

Duerno konnten d’Participants’en, déi zu jeweils 8 op engem Desch suutzen, un Hand vun engem konkrete Fall diskutéieren, wéi eng Moosnamen an deem Quartier prioritair sinn a wéi een déi am Beschten ugeet, also z.B. wéi eng Akteuren ee muss un den Desch kréien fir dat et virugeet, etc.

Fazit vun desem ureegenden Workshop: Et gett vill ze dinn, a mer hu keng Zäit ze verléieren !

2024 06 07 Klimapaktdag 2024

CIPU Workshop Klimapaktdag

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :