Vun der beandrockender Vue op de Bockfiels an déi verstoppte Ecker vum Quartier de la Gare; dës alternativ Tour duerch d’Stad Lëtzebuerg hëlt Iech mat op eng Rees bei inspiréierend, nohalteg, gesond a lokal Initiativen.
Mir diskutéiere net nëmmen d’Konsequenze vun eisem konsum- an emissiounsintensive Liewensstil a léiere méi iwwer eisen ekologesche Foussofdrock, awer virun allem entdecke mer motivéierend Projeten, sief et a Saachen Transport, Iessen, Offall, Kleedung oder Gemeinschaftsliewen. Mir wäerten d’Leit hannert de Kulissen treffen, héieren hir Geschichten a léiere méi iwwer hir Motivatioun fir ze handelen.
Wéini: Samschdes vum 19. September bis zum 10. Oktober 2020
Dauer: 2,5 – 3 Stonnen
Aschreiwung:
- Tours ENGLISH: https://tinyurl.com/
yb8uhmnh - Tours LUXEMBOURGISH: https://tinyurl.com/y2d3jo2h
- Tours FRENCH: https://tinyurl.com/
ybj8gonr - Tours GERMAN: https://tinyurl.com/
yaorg25c
Bei Froen wennt Iech w.e.g. per Mail u citywalks@astm.lu.
Dëse Projet gëtt vun der Europäescher Union finanzéiert an ass eng Zësummenaarbescht vun Action Solidarité Tiers Monde, Klima-Bündnis Lëtzebuerg und Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal.