Seminaire vum 22. September 2020 iwwert d’Elektromobilitéit zu Schëtter war ee Succès!

Home News Beiträge Seminaire vum 22. September 2020 iwwert d’Elektromobilitéit zu Schëtter war ee Succès!
Seminaire vum 22. September 2020 iwwert d’Elektromobilitéit zu Schëtter war ee Succès!

Seminaire vum 22. September 2020 iwwert d’Elektromobilitéit zu Schëtter war ee Succès!

Daniel Flies - A.C. Schuttrange Aus der Praxis 13 Oktober 2020

Als Ofschloss vun der europäescher Mobilitéitswoch huet de Schäfferot vun der Gemeng Schëtter op ee Seminaire iwwert d’Elektromobilitéit op Minsbech invitéiert. Mat iwwer 50 Participante war de Sall gutt gefëllt. A senger Introduktioun ass de Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter Jean-Paul Jost op d’Mesure vun der Gemeng déi an de leschte Joren an deem Beräich ëmgesat gi sinn agaangen. Nieft der Presentatioun vum Minister Claude Turmes iwwert déi national Strategie zu der Entwécklung vun der Elektromobilitéit, ass och nach op den Ëmweltimpakt vun der Elektromobilitéit an op praktesch Informatioune fir de Bierger mat Presentatioune vu myenergy, dem LIST, dem ACL an der Police Lëtzebuerg agaange ginn. Duerno konnten d’Participante vum Seminaire hier Froe stellen. De Schäfferot seet all den Intervenanten a Participanten ee grousse Merci.

D’Presentatiounen déi gehale goufe fannt dir op www.schuttrange.lu.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :