Nach bis de 24. Dezember steet eis Eiswett elo um Chrëschtmaart op der Plëss an der Stad, direkt nieft der Entrée vum Cercle municipal. Dir kennt ëmmer nach - oder nach emol - matrooden, wéivill den Temperatur-Ënnerscheed tëscht deem gudd an deem schlecht isoléierten Mini-Haus wäert bedroen. Béid Haiser sinn selwecht grouss, gi vun de selwechten LED-Luuchten beliit, ma dat eent ass nom Standard aus de 70er Joeren isoléiert an dat anert no engem Passivhaus-Standard.
Isoléiere bréngt et – Rot mat a gewannt e Pedelec !
10 Dezember 2010