Mobilitéitswoch 2022 zu Nidderaanwen

Home News Beiträge Mobilitéitswoch 2022 zu Nidderaanwen
Mobilitéitswoch 2022 zu Nidderaanwen

Mobilitéitswoch 2022 zu Nidderaanwen

Rose Scharfe & Kevin Becker/A.C. Nidderaanwen - Foto copyright: Fotoclub, Gemeng Niederanven Aus der Praxis 16 September 2022

Vum 16.9 bis den 22.9 hunn am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch eng sëlleg Aktiounen an der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt, dat an enker Zesummenaarbecht mat der lokaler Ëmweltkommissioun. Gestart gouf Freideg Moien, wou d’ Memberen aus dem Gemengen- a Schäfferot op verschiddene Busarrêten un d’ Notzer vum ëffentlechen Transport, sou wéi bei de véier Linne vum PEDIBUS un d’ Schoulkanner, eng 250 Croissante mat Fairtrade-Schockela verdeelt hunn.

Sonndeg den 18.9 si wéi all Joer verschidden Tier fir de Mountainbike, Coursevëlo, Foussgänger, Rollstullfuerer an d’ Kanner duerch d’ Gemeng vun der Ëmweltkommissioun geleet ginn. Niewent den Tier konnten d’ Kanner hier Kënnen op engem Geschécklechkeetsparcours testen. Zum Ofschloss ass eng Zopp an ee Stéck Taart aus Antigaspi Geméis an Uebst zerwéiert ginn. Eng 75 Bierger hunn et sech net entgoe gelooss un dësem traditionelle Rendez-vous deel ze huelen.

De Programm ass mat 2 Workshoppen den 21.9 an 22.9 am Centre LOISI ofgeronnt ginn. Zesumme mam Büro Schroeder & Associés konnten d’ Bierger hier Iddien zum Stroosseraum an der aktiver Mobilitéit fir dat zukünfteg Mobilitéitskonzept deelen. Un béiden Owender ware jeeweils eng 35 Bierger present, déi eng grouss Quantitéit vun Iddien op Pabeier bruecht hunn.

Och am Kader vun der Mobilitéitswoch gouf en Fussgänger-Velo Verbindungswée tëscht den Gemengen Nidderaanwen a Schëtter ageweit.

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :