Biergerforum „Stengefort Naturno“

Home News Beiträge Biergerforum „Stengefort Naturno“
Biergerforum „Stengefort Naturno“

Biergerforum „Stengefort Naturno“

Text & Pic copyright A.C. Steinfort Aus der Praxis 20 Juni 2024

E Samschden, de 15. Juni, huet déi drëtt Editioun vun eisem Biergerforum stattfonnt. D’Thema vun dësem Joer war „Stengefort Naturno“. D’Bierger.innen goufen an enger kuerzer Aféierung iwwer d’Bedeitung vun enger naturnoer Gestaltung vun ëffentleche Plazen opgekläert. Dobäi gouf besonnesch op d’Wichtegkeet fir d’Biodiversitéit an d’Klimaresilienz, also d’Widerstandsfäegkeet vun der Gemeng Stengefort a Bezuch op d’Äerderwärmung, an de Vierdergrond gestalt.

Dono ass de Workshop dann och direkt méi praktesch ginn. D’Bierger.innen hate sech a 5 Gruppen zesumme gedoen a selwer eng fiktiv ëffentlech Plaz gestalt. Zur Verfügung dofir haten si virun allem natierlecht Material wéi gedrechent oder frësch Planzen, Äscht, Buedem, Leem, Steng a villes méi.

Input konnten d’Leit sech och bei d‘EBL siche goen, déi mat hirem Informatiounsstand „Ouni Pestiziden“ vertruede waren.

Merci un all Persoun, déi deelgeholl oder mat organiséiert huet. Elo gëllt et, déi flott Modeller och op richtege Plazen ëmzesetzen a Stengefort zesummen nach méi naturno ze gestalten.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :