Alles ronderëm de Buedem – D‘Wanderausstellung Schatzkëscht Buedem vum Naturmusée zu Besuch an der Gemeng Stroossen

Home News Beiträge Alles ronderëm de Buedem – D‘Wanderausstellung Schatzkëscht Buedem vum Naturmusée zu Besuch an der Gemeng Stroossen
Alles ronderëm de Buedem – D‘Wanderausstellung Schatzkëscht Buedem vum Naturmusée zu Besuch an der Gemeng Stroossen

Alles ronderëm de Buedem – D‘Wanderausstellung Schatzkëscht Buedem vum Naturmusée zu Besuch an der Gemeng Stroossen

Text Aline Wirtgen / copyright Pic Guy Mathey Aus der Praxis 20 Juni 2024

D’Membere vum Naturpaktteam Stroossen hu mat groussem Asaz Féierunge fir de gesamte Stroossener Cycle 3 duerch d’Expo Schatzkëscht Buedem ugebueden. Dës Expo ass vum 15. Abrëll bis den 3. Mee an der Entrée vum Gemengenhaus ausgestallt ginn. Dobäi hunn déi benevole Guiden d’Theorie vun der Ausstellung mat ville prakteschen Elementer verbonnen. Sou konnten d’Kanner selwer op Entdeckungsrees mat den Hänn duerch de Buedem goen, Reewierm aus dem Wurmarium bestaunen an déi verschidden Aspekter vun der Buedementsteeung, de Buedemaarten, de Buedemorganismen oder der Buedemnotzung kenne léieren.

De Buedem ass t’zentral Liewensgrondlag fir Planzen, Déieren a Mënschen a bilt domadder e komplexe liewege System, deen duerch Erosioun a Verloscht vu Biodiversitéit ëmmer méi a Gefor geréit. Sou ass et wichteg datt och déi klengste Matbierger scho fréi mat dësem Thema a Kontakt kommen.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :