Invitatioun Séminaire fir Gemengen & öffentlech Konferenz zum Thema Verkéiersberouegung

Home News Beiträge Invitatioun Séminaire fir Gemengen & öffentlech Konferenz zum Thema Verkéiersberouegung
Invitatioun Séminaire fir Gemengen & öffentlech Konferenz zum Thema Verkéiersberouegung

Invitatioun Séminaire fir Gemengen & öffentlech Konferenz zum Thema Verkéiersberouegung

ProVelo.lu & Klima-Bündnis Lëtzebuerg Aus der Praxis 22 November 2024

ProVelo.lu an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg lueden Iech ganz häerzlech an op e Séminaire, den 22. November 2024, e Seminaire speziell fir Gemenge-Leit, dëst am Oekozenter Pafendall.

D’Invitatioun mat allen Informatiounen zu dësem Seminaire mam Titel “Verkéiersberouegung a menger Gemeng: Fir méi aktiv Mobilitéit a méi liewenswäert Uertschaften” fannt dir hei: Invitation Seminaire Verkéiersberouegung Nov 24.

Denkt wgl. drun dat ee sech heifir muss umellen, via inscriptions@provelo.lu !

Mir géingen Iech bieden, dës Informatioun/Invitatioun un all relevant Servicer (Service Circulation, Service technique…) an all relevant Kommissiounen (Circulatioun/Mobilitéit/Ëmwelt) weider ze leeden!

An den Owend virdrun ass eng öffentlech Konferenz zum gläichen Thema, och dat dierft interessant sinn fir Iech, z.B. fir d’Leit aus dem Gemengerot, aus de Kommissiounen, den Servicer etc. Déi Konferenz fennt och am Öekozenter Pafendall statt, eng Umeldung heifir ass net néideg. D’Invitatioun vun der Konferenz ass hei ugespéngelt: Invitation Conférence Te Brömmelstroet Nov 24

Mer géifen eis fréeen, Iech bäi engem (oder allebéid) vun desen Eventer kennen ze begréissen !

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :