Mam Fierschter „on Tour“ duerch d’Natur

Home News Beiträge Mam Fierschter „on Tour“ duerch d’Natur
Mam Fierschter „on Tour“ duerch d’Natur

Mam Fierschter „on Tour“ duerch d’Natur

Text Hansel Pia / Copyright Pics Flenghi Nathalie Aus der Praxis 13 Juni 2024

Zesumme mat Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot hat de Christian Berg, Fierschter vun der Gemeng Péiteng, sech Zäit geholl fir op enger Orchideeëwanderung duerch d’Bëscher op d’Vielfältegkeet vun der Flora a Fauna um um Prënzebierg opmierksam ze maachen.

Duerch Waasserpill, iwwer matscheg Weeër an ënnerem Reen erduerch goung et bei nawell killen Temperaturen a Reeschaueren op d’Sich no de wëllen Orchideeën, déi an eiser Regioun doheem sinn.

Vill Erklärunge gouf et vum Fierschter, esou och, datt et hei zu Lëtzebuerg eng ronn 30 wëll Orchideeë gëtt, mir der 21 eleng um Giele Botter hunn. Déi mussen onbedingt geschützt gi fir datt och déi zukünfteg Generatioune vun dëser Vielfalt vun Zorte ka profitéieren. Leider hunn sech op dësem Dag just zwou Blummen erausgewot, dëst waren d’„Waldhyazinthe“ am wäisse Kleed an och d’„Pyramiden-Hundswurz“, déi eng wonnerschéi mauve Fuerf hat.

An no dësem Tour, deen duerch dat schlecht Wieder zimlech ustrengend war, gouf et och den obligate Patt, bei deem nach e bësse gefachsimpelt ginn ass.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :