Sonndeg de 24.9.2023 huet de Syndicat d’Initiative de la Commune de Niederanven (SICN) zesumme mam ORT Centre/Ouest, der Administration de la Nature et des Forêts an der Gemeng Nidderaanwen häerzlech op d’Aweiung vum Guttland.Trail Aarnescht invitéiert.
A Presenz vum Minister fir Tourismus, dem Här Lex Delles ass de Guttland.Trail Aarnescht ageweit ginn. Duerno huet eng Wanderung mat Erklärunge vum Préposé forestier vun der Gemeng Nidderaanwen, dem Här Pit Lacour, iwwert déi 9,5km laang Streck stattfonnt.
D’Participante konnten d’Eenzegaartegkeet vun de wäitleefege Wisen, Felder a Bëscher laanscht d’Naturschutzreservat “Aarnescht” betruechten. Dat fréier Akerland ass bekannt fir säi Mikroklima an seng héich Biodiversitéit, wéi d’Orchideeë. Dës Landschaft ass ee Paradäis fir Planzen, Déieren a Wanderer.