D’Stad Esch ass eng Fairtrade Gemeng

Home News Beiträge D’Stad Esch ass eng Fairtrade Gemeng
D’Stad Esch ass eng Fairtrade Gemeng

D’Stad Esch ass eng Fairtrade Gemeng

Copyright Text: Ville d’Esch/Anna Urwald / Copyright Fotoen: Ville d'Esch/Emile Hengen Aus der Praxis 16 Januar 2023

De 16. Januar huet d’Stad Esch de Label Fairtrade Gemeng vun der NGO Fairtrade Lëtzebuerg iwwerreecht kritt. Ee Label, deen der Gemeng an hire Servicer hiren Asaz fir de fairen Handel ënnersträicht. Domat engagéiert sech net eleng d’Gemeng, mee si probéiert och esou vill wéi méiglech vun hire Partner mat op dëse Wee vun enger méi nohalteger, gerechter a responsabeler Consommatioun ze huelen. Esch ass déi 35st Gemeng déi des Zertifikatioun kritt.

Mam Programm Fairtrade Gemeng iwwerhëlt Esch Verantwortung a verflicht sech zu enger Rei Handlungen. Enner anerem wäert d’Gemeng Produkter, déi net lokal oder regional hiergestallt kenne gin, mat engem Label aus dem fairen Handel kafen. Des Produkter sinn ënner anerem Kaffi, Schockela, Kakaoprodukter, Banannen, Orangëjus, Téi a Kotteng. An Zukunft wäert och d’Kleedung vun de Gemengenaarbechter aus Fairtrade Kotteng kaaft gin. Et sinn och schonn éischt Gespréicher mam lokale Commerce a Restaurante gefouert gin fir dës ze motivéiere Fairtrade Produkter ze gebrauchen. Ganz nom Motto « Think global, act local. »

Bei der Iwwerreechung vum Label Fairtrade Gemeng ass och d’Fairtrade Wall ageweit ginn. Heibäi handelt et sech em eng Fresk vum Escher Artist Daniel Mac Lloyd op enger Trafostatioun an der Rue Michel Rasquin zu Lalleng, déi am Kader vum Programm Fairtrade Gemeng realiséiert ginn ass.

Fairtrade setzt sech fir en gerechte Welthandel an. De Fairtrade Standard berout op dräi Pilieren: ekonomesch Krittären (Bsp. garantéierte Mindestpräis, deen d’Produktiounskäschten deckelt), sozial Krittären (Bsp. Verbuet vu Kanneraarbecht an Diskriminatioun) an ökologesch Krittären (Bsp. Lescht mat enger Rei un chemesche Substanzen, déi verbuede sinn). Nëmme wann d’Konditioune vu Fairtrade erfëllt sinn, dierf de Produkt de Label Fairtrade kréien. Zu dëse Konditiounen zielen och Moossnamen zur Verréngerung vum Waasserverbrauch, den CO2-Emissiounen an d’Erhale vun der Biodiversitéit. Och fir en Liwwerkettengesetz, an domat fir d’Transparenz vun den Aarbechter an Aarbeschtsschrëtt a soumat géint d’Zwangsaarbecht, setzt sech Fairtrade Lëtzebuerg an.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :