„Anescht Liewen“ ass de Podcast vun der ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Eisen Motto ass „Act local – Think global“. Dësen Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globalen Süden an weider änlech Themen interesséiert.
Trailer
All éischten Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun „Anescht Liewen“ eraus. Mir schwätzen mat engem interessanten Gaascht iwwert aktuell Themen. Zu dësem Podcast gehéiert och en Agenda mat interessanten Veranstaltungen zu den Themen vun ASTM an Klima-Bündnis Lëtzebuerg. D’Sendung gëtt als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar.
Moderatioun: Cédric Reichel
Introsmusek: The Disliked – Money
Episode 22: Biergerbedeelegung brauch Zäit
Gaascht: Magali Paulus (Cell)
Mam Magali Paulus vum CELL asbl schwätze mir iwwer Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg. Wat fir Projete ginn et? Wat sinn typesch Problemer vun der Biergerbedeelegung hei am Land? Firwat ass et wichteg iwwert Biergerbedeelegung ze schwätzen an se och ëmzesetzen? Wat muss berécksiichtegt gi fir dass et zu enger realer Biergerbedeelegung ka kommen?
Episode 21: World Music gëtt et net oder alles ass Weltmusek
Gaascht: Helder da Graça
Mam Helder da Graça vu Finkapé schwätze mir iwwert de musikalesche Projet Klangkeller, den Term World Music, Dekolonisatioun am Museksunterrecht an Diversitéit a Representatioun an de Concertshalen.
Episode 20: Le béton en question
Gaascht: Alia Bengana
Mam Alia Bengana schwätze mir iwwert Bëtong, iwwert Sand, iwwer Architektur an iwwert d’Zukunft vum Bauen.
D’Gespréich ass op Franséisch.
Links:
Opzeechnung vun der Konferenz “Les impacts du recours massif au béton dans le Sud global” : www.youtube.com/watch?v=fQ8cMCmFWMA&t=1218s
Websäit Alia Bengana: www.aliabengana.com
Websäit Luca: www.luca.lu
Wëssenschaftlech Artikele vum Allia Bengana: www.heidi.news/profil/alia-bengana
Kultur mam Anne
Kiran Pereira – Sand stories : surprising truths about the global sand crisis and the quest for sustainable solutions
Episode 19: Can a library defend human rights?
Gaascht: Ros Amils (CEDIB – Centro de Documentación e Información Bolivia)
Mam Ros Amils vum Dokumentatiounszentrum CEDIB a Bolivien iwwert de Roll vun enger Bibliothéik an enger Gesellschaft. Wéi huet des sech verännert? Firwat kann eng Bibliothéik zu enger Gefor fir d’Machthaber ginn? Wéi ass eng Bibliothéik a Bolivien mat eis hei zu Lëtzebuerg verbonnen?
D’Gespréich ass op Englesch, opgeholl mam Tool zencastr.com.
Weider Links:
CEDIB
https://www.instagram.com/cedibolivia/
https://www.facebook.com/CEDIBolivia
ASTM a CEDIB:
https://actionsolidaritetiersmonde.org/portfolio/cedib/
Kultur mam Anne vum CITIM:
https://www.instagram.com/citim.lu/?hl=fr
https://www.facebook.com/CITIMLuxembourghttps://
www.citim.lu
Episode 18: What can we learn from the Yanomami about ourselves?
Gäscht: Mauricio Iximaweteri (Yanomami) & Silvio Cavuscens (Secoya)
De Yanomami Mauricio Iximaweteri war op Besuch zu Lëtzebuerg an huet mir d’Méiglechkeet gi mat him iwwert déi indigene Bevëlkerungsgrupp vun de Yanomami a Nordbrasilien zu schwätzen. Et geet em hire Liewensstil, hire Kampf em d’Iwwerliewen a wat dat alles mat eis ze dinn huet. Hien gëtt begleet vum Silvio Cavuscens deen zënter méi wei 20 Joer mat de Yanomami zesummeschafft a probéiert hier Cause enger méi breeder Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.
D’Gespréich ass op Franséisch, de Mauricio schwätzt op Portugisesch an alles gëtt iwwersat.
Weider Links:
ASBL Secoya Secoya – Associação Serviço e Cooperación com Povo Yanomami
https://www.secoya.org.br/fr/quem-somos
Filhos da Lua – la voix des Yanomami- Documentaire réalisé par: Mauro Almeida Cabral et Fränk Muno
De Besuch bei der Cour grand-gucale
https://www.instagram.com/p/Cd56zN6o8Yp/?igshid=YmMyMTA2M2Y%3D&fbclid=IwAR34Qqs6Q7562PHp_Y3xHEjvfLMDgzRd6kh9S9lFETMbGsq5D8qi-oxIsNk
Netflix Dokumentatioun: https://www.netflix.com/lu/title/81503933
Portrait vun de Yanomami: https://www.survivalinternational.fr/peuples/yanomami
Financial Times: Brazil’s indigenous tribes suffer new degradations at hands of illegal miners.
https://www.ft.com/content/49346cc2-7b22-44c9-8ece-5ed151b26d14
Kultur mam Anne vum CITIM:
Claudia Andujar:
https://a-z.lu/primo-explore/fulldisplay?docid=ALEPH_LUX01001611153&context=L&vid=BIBNET&lang=fr_FR&search_scope=All_content&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=all_content&query=any,contains,Claudia%20Andujar&offset=0
https://www.citim.lu
Episode 17: Wéi ee Klimaaktivismus brauche mer?
Gaascht: Selma Weber (natur & ëmwelt / Das Büro für Nachhaltigkeit)
Mam Selma Weber schwätze mir iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg a Klimakommunikatioun.
Et gëtt och e klenge Staminee.
De Podcast vum Selma Weber:
Das Büro für Nachhaltigkeit
Zitéiert Quellen am Staminee:
Laurent Mosar: https://www.land.lu/page/article/337/336337/FRE/index.html
Benu: https://www.tageblatt.lu/headlines/an-diesem-gebaeude-ist-nichts-neu-benu-village-in-esch-wird-eingeweiht/
“Jempi”
climate-ruft-erneut-zu-schulstreik-auf/ »>https://www.tageblatt.lu/politik/schwaenzen-fuer-das-klima-youth-for-climate-ruft-erneut-zu-schulstreik-auf/
Weider Links:
Letzte Generation: https://twitter.com/AufstandLastGen
Klimafakten: https://www.klimafakten.de/meldung/poster-spiel-nicht-ich-nicht-jetzt-nicht-so-zu-spaet-mit-welchen-saetzen-klimaschutz
Kultur mam Anne vum CITIM:
Thomas Kruchem: Wie Menschen weltweit das Klima retten : Solar-Pioniere, Wald-Macher, Wasser-Kämpfer
https://a-z.lu/primo-explore/fulldisplay?docid=ALEPH_LUX01001753428&context=L&vid=BIBNET&search_scope=All_content&tab=all_content&lang=fr_FR
https://www.citim.lu
Episode 16: DIRTY AND DANGEROUS – la durabilité des investissements du Fonds de Compensation
Mat menge Gäscht schwätze mir (op Franséisch) iwwert d’Investitiounstrategië vum Fonds de Compensation, och Pensiounsfong genannt. Firwat ass dëst Thema fir Greenpeace an ASTM wichteg? Wou ass de Lien mat Ëmweltverschmotzung an de Mënscherechter a firwat geet dat eis alleguer eppes un?
Mir maachen och en klenge Staminee mam Myrna Koster.
Link zum Rapport vun der ASTM a Greenpeace Lëtzebuerg: https://actionsolidaritetiersmonde.org/dirty-and-dangerous/
Zitéiert Interview mam Alain Reuter:
https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/letzebuerger-pensiounsfong-gett-sech-2022-eng-nei-investitiounsstrategie
Weider am Gespréich zitéiert Quellen:
https://fdc.public.lu/fr.html
https://paperjam.lu/article/fonds-pension-doit-devenir-plu
https://paperjam.lu/article/reserve-peu-impactee-par-perte
Kultur mam Anne vum CITIM:
Wer schützt die Welt vor den Finanzkonzernen? (Jens Berger)
https://www.citim.lu
Episode 15: Eis Finanzplaz a Mënschrechter, muss dat wierklech sinn?
Gaascht: Nadine Haas (ASTM)
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert den neie Rapport vun der ASTM “LUXEMBOURG’S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”. Wéi ass dës Etüd zustane komm, wéi eng Syntheese gëtt et. Ginn et Revendicatiounen un d’Finanzplaz a wei ass de Rapport ugeholl ginn?
Link zum Rapport vu der ASTM: https://nocorporateimpunity.org/report2022/
Zitéiert Interview mam Pierre Gramegna: https://www.rtl.lu/radio/background/a/1843261.html
Weider am Gespréich zitéiert Quellen:
https://paperjam.lu/article/banque-bnp-paribas-en-forte-cr
https://paperjam.lu/article/societes-luxembourgeoises-gagn
Guiding Principles on Business and Human Rights: https://www.ohchr.org/documents/publications/guidingprinciplesbusinesshr_en.pdf
Link zur éischter Sendung mam Nadine Haas: https://www.ara.lu/anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm/episodes/episod-8-beef-mat-beef-and-money/
Kultur mam Anne vum CITIM:
Armutsbekämpfung durch Entwicklungszusammenarbeit. Anspruch – Wirklichkeit – Perspektiven (Frank Bliss)
https://link.springer.com/book/10.1007/978-3-658-32805-4
https://www.citim.lu
Episode 14 – Est-il possible de mettre fin à la pandémie sans la levée des brevets sur les vaccins?
Gaascht: Antoni Montserrat Moliner (https://twitter.com/ToniMontserratM?s=20)
Antoni Moliner était responsable de la politique de maladies rares et du cancer auprès de la Direction de Santé Publique de la Commission européenne de 2004 à 2017 où il a été à l’origine de la Communication de la Commission et de la Recommandation du Conseil sur les maladies rares et de son implémentation dans différents domaines.
Mam Antoni Moliner schwätzen ech iwwert déi weltwäit Impfcampagne, d’Impfongerechtegkeet, d’Problemer vun der Covax-Initiativ an de Patenter op Impfstoffer.
Et gëtt och eng Rubrik “Um Stamminee” an der Mëtt vum Gespréich.
Den Interview ass op Franséisch.
Link zu der europäescher Petitioun: https://noprofitonpandemic.eu/fr/
Ugeschwaten an zitéiert Links:
https://news.un.org/en/story/2021/12/1108622
https://paperjam.lu/article/dons-vaccins-ou-se-situe-luxem
https://www.publicsenat.fr/article/parlementaire/vaccins-plus-important-que-la-levee-des-brevets-c-est-le-savoir-faire
Lien vers la citation de Ambassador Tai:
https://tinyurl.com/5dfvckcz
Kultur mam Anne
Zeitschrift E + Z Entwicklung und Zusammenarbeit
Online-Links: archive/202106?>https://www.dandc.eu/de/archive/202106
debatte-ueber-aussetzung-von-impfpatenten-verlaeuft-ohne-gebotene-dringlichkeit »>https://www.dandc.eu/de/article/wto-debatte-ueber-aussetzung-von-impfpatenten-verlaeuft-ohne-gebotene-dringlichkeit
Episode 13: What is climate imperialism and why does it matter?
Gaascht: Liza Maza
Liza Maza ass Secretary General vun ILPS, der International League of Peoples’ Struggle (https://ilps.info/en/). Sie souz och fir Gabriela Women’s Party am philippinnesche Representantenhaus.
Mat hier schwätzen ech iwwert Klimaimperialismus a wouranner een dëse festmaache kann. Wien bestëmmt de Kampf géint de Klimawandel, wéi gëtt e finanzéiert an wien profitéiert dovun? Wat si Beispiller fir Klimaimperialismus op de Philippinnen?
Den Interview ass op Englesch.
Links zu den ugeschwaten Ëmweltkatastrophen:
https://miningwatch.ca/news/2019/4/3/marcopper-mine-spill-and-unending-wait-justice
https://miningwatch.ca/news/2019/4/3/marcopper-disaster-tragedy-continues-people-s-veins
Kultur mam Anne:
Buchtipp: How beautiful we were. A novel. Imbolo Mbue
https://tinyurl.com/5cfbu3f7
Episode 12: What impact can you have at COP26 as a young climate advocate?
Gaascht: Carl Philip Dybwad
De Carl Philip Dybwad war als Youth Delegate op der Pre-COP zu Mailand an der COP26 zu Glasgow. Mat him diskutéieren ech iwwert seng Andréck, seng Roll an op Jonker iwwerhaapt en Impakt op der Cop hunn an haten. Och schwätze mer iwwert Zukunft vun der COP an iwwert déi zukünfteg Host Cities vun de COPs 27 an 28.
Den Interview ass op Englesch.
Dem Carl Philip Dybwad kennt der och op Twitter an Instagram followen:
https://www.instagram.com/cpdybwad/?hl=en
Agenda:
Mémoire Coloniale Luxembourgeoise: https://www.casino-luxembourg.lu/fr/Expositions/Memoire-coloniale-luxembourgeoise
Write4Rights: https://write4rights.amnesty.lu
Mirror Mirror: cultural reflections in fashion: https://www.mudam.com/fr/expositions/cultural-reflections-in-fashion-collection-mudam
Episode 11: D’Welt flitt op d’COP26 fir d’Klima ze retten. Ass dat nach zäitgeméiss?
Gaascht: Baas Brimer
https://www.linkedin.com/in/baas-brimer-433a67b/
Mam Baas Brimer, Ëmwelt- a Klimaexpert bei LuxDevelopment, schwätzen ech am Detail iwwert d’COP26 déi den 31. Oktober zu Glasgow ugefaangen huet. Mir schwätzen iwwert d’Geschicht vun der COP, Erwaardungen an Enttäuschungen, d’Roll vu Lëtzebuerg an de Sënn vun enger Klimakonferenz am Joer 2021.
Wärend dem Gespréich verweist de Baas Brimer op eng Ried vun enger jonker Aktivistin aus dem Joer 1992. De ganze Video fannt Dir hei:
Listen to the Children – Severn Cullis-Suzuki’s famous speech on the environment (1992): https://www.youtube.com/watch?v=JGdS8ts63Ck&t=85s
Episode 10: Wéi reesen ech haut nach mat guddem Gewëssen?
Gaascht: Noémie Losch, Ecpat Luxembourg
Mam Noémie Losch vun Ecpat hunn ech iwwert Voluntourismus geschwat. Wat genau heescht dat? Firwat ass et schiedlech fir béid Säiten? Wat fir eng Industrie stécht derhannert a wien profitéiert vun der Nofro no Vakanz mat e bëssen Hëllef? E wichtegt Thema fir déi déi driwwer nodenken e Stage am Ausland ze maachen, awer och fir Leit déi esou eppes scho mol gemaach hunn an driwwer reflektéiere wëllen.
Hei eng Lëscht vun interessante Links déi d’Noémie Losch recommandéiert:
http://benevolat.public.lu/fr/espace-benevole/check-list-benevoles/index.html
https://www.volontaires.lu/
https://www.radiaid.com/social-media-guide
Episode 9: Think global – Act local
Gäscht:
Robert Leven, Conseiller an der Gemeng Hesperange an Sekretär vum Klima-Bündnis International (https://leven.lu/ueber-uns/)
Paul Ruppert, freieren Co-Coordinateur vum Klima-Bündnis Letzebuerg fir den Mouvement Ecologique an freieren Schäffen vund er Gemeng Sandweiler
D’Klima-Bündnis Letzebuerg feiert seng 25 Joer. Iwwert 40 Gemengen sinn Member vun desem Netzwierk. Waat heescht et Klima-Bündnis-Gemeng ze sinn? Waat huet eng Letzebuerger gemeng mat den indigenen Bevölkerungen am Amazonas-Gebitt ze dinn? Waat huet sech an den leschten 25 Joer geännert?
Episode 8: Beef mat Beef and Money
Gaascht: Nadine Haas (ASTM)
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert déi ominéis Multinational JBS an hier Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Wat sinn hier Aktivitéiten a firwat brauchen se dofir 23 Bréifkëschten? Wat mëscht JBS a Brasilien? Mier schwätzen och iwwert wirtschaftspolitesch journalistesch Recherche zu Lëtzebuerg.
Den Reporter.lu-Artikel zu JBS (payant): seine-plaene-in-luxemburg/ »>https://www.reporter.lu/der-fleischgigant-jbs-und-seine-plaene-in-luxemburg/
D’Folleg vun Last Week Tonight: https://www.hbo.com/last-week-tonight-with-john-oliver/2021/152-episode-211
Episode 7: Mat Petitiounen d’Welt e bësse méi liewenswäert maachen?
Gaascht: Pia Eberhardt (Corporate Europe Observatory)
Den Energy Charter Treaty ass en internationalen Traité deen net besonnesch bekannt ass, momentan awer staark an der Kritik steet, well en no der Meenung vun ville ONGen déi essentiell wichteg Energietransitioun blockéiert an erschwéiert. Mam Pia Eberhardt, enger renomméierter Expertin zu dësem Thema, schwätzen ech iwwert dësen ominéisen Traité, déi aktuell Verhandlungen fir eng Modernisatioun vum Traité an der Roll vun Lëtzebuerg.
Lien vum Traité: https://www.energychartertreaty.org
Lien op déi aktuell Petitioun: https://nocorporateimpunity.org/noect/
Episode 6: Raus aus dem Rassismus – Antirassistesch handelen an denken
Gaascht: Antonia Ganeto (Porte-Parole Finkapé)
Dësen Interview soll net den Rassismus erklären, dat ass an den leschten Joren genuch gemaach ginn, mä den Diskurs iwwert Rassismus. Den Interview orientéiert sech un dësem Text vun der Antirassismus-Trainerin Tupoka Ogette. Wärend dem Gespréich gëtt op d’Sendung “Die letzte Instanz” higewisen. Déi vill diskutéiert Episod vun dëser Sendung ass hei ze fannen. Am Gespréich gëtt och eng Kontrovers iwwert eng Veranstaltung vun Lëtz Rise Up zitéiert. Den Lien zur Veranstaltung fannt dier hei. D’Kontrovers kann hei nogelies ginn.
Episode 5: Rette Fraen d’Welt?
Gaascht: Ivonne Yanez vun Accion Ecologica am Ecuador
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert hier NGO Accion Ecologica am Ecuador. D’Ivonne Yanez vun Acción Ecológica setzt sech fir d’Rechter vun der Natur an a schafft zesumme mat den indigene Bevëlkerungen am Ecuador. D’Ivonne erkläert firwat Frae besonnesch ënnert dem Klimawandel leiden a firwat et hirer Meenung no wichteg ass Ecofeministin ze sinn. Acción Ecológica ass eng Partnerorganisatioun vun Action Solidarité Tiers Monde – ASTM an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. Ënnert anerem huet bei der Studierees vum Klima-Bündnis an den Ecuador 2017 en Treffe mat Acción Ecológica stattfonnt.
Websäit: https://www.accionecologica.org/
Episode 4: Mat guddem Gewëssen akafen an investéieren?
Gaascht: Jean-Louis Zeien – President vun Fairtrade Luxembourg
Mir schwätzen iwwert d’Initiative pour un devoir de vigilance zu Lëtzebuerg, déi rezent Entwécklungen, d’Kandidatur vun Lëtzebuerg fir en net-permanenten Setz am UN-Mënscherechtsrot an déi politesch Aarbecht vun Fairtrade.
Weider Informationen:
https://www.initiative-devoirdevigilance.org
https://www.fairtrade.lu/willkommen.html
Episode 3: Klimaaktivismus gëschter, haut a muer.
Gaascht: Dietmar Mirkes, Responsabel fir Koordinatioun vum Nord-Süd-Volet an de Gemenge vum Klima-Bündnis bis Enn 2020.
Mir schwätzen iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg virun de Fridays for Future Protester. Wéi ee Klimaaktivismus brauch et an der Zukunft a wat heescht d’Ofso vun der COP26 zu Glasgow fir d’Klimapolitik op der Welt?
Episode 2: Ass d’Coronavirus-Pandemie eng Brems fir de Klimaaktivismus?
Gäscht: Natasha Lepage & Jerry Simon vun Youth for Climate Luxembourg
www.facebook.com/youthforclimateluxembourg/
Natasha Lepage: “Ech well net méi mussen erklären dass mir an enger Kris sinn”.
Mat mengen zwee Gäscht schwätzen ech iwwert jonken Klimaaktivismus, Klimaaktivismus am Joer 2020, nei digital Protestformen an wei den Klimaaktivismus vun der Zukunft kéint ausgesinn.
Link zum Podcast vun mengen Gäscht: https://podcast.ara.lu/blog/2020/09/22/climate-hotline-episode-no-2/
Episode 1: Ass d’COVID19-Pandemie eng Chance fir de Klimawandel?
Gaascht: Nicolas Hentgen, Finanzanalyst an Klimablogger. www.klyme.online