The Conscious City Walk Luxembourg – Führungen im Herbst

Home News Beiträge The Conscious City Walk Luxembourg – Führungen im Herbst
The Conscious City Walk Luxembourg – Führungen im Herbst

The Conscious City Walk Luxembourg – Führungen im Herbst

Klima-Bündnis Lëtzebuerg / ASTM Aus der Praxis 19 September 2020

Vun der beandrockender Vue op de Bockfiels an déi verstoppte Ecker vum Quartier de la Gare; dës alternativ Tour duerch d’Stad Lëtzebuerg hëlt Iech mat op eng Rees bei inspiréierend, nohalteg, gesond a lokal Initiativen.

Mir diskutéiere net nëmmen d’Konsequenze vun eisem konsum- an emissiounsintensive Liewensstil a léiere méi iwwer eisen ekologesche Foussofdrock, awer virun allem entdecke mer motivéierend Projeten, sief et a Saachen Transport, Iessen, Offall, Kleedung oder Gemeinschaftsliewen. Mir wäerten d’Leit hannert de Kulissen treffen, héieren hir Geschichten a léiere méi iwwer hir Motivatioun fir ze handelen.

Wéini: Samschdes vum 19. September bis zum 10. Oktober 2020

Dauer: 2,5 – 3 Stonnen

Aschreiwung:

Bei Froen wennt Iech w.e.g. per Mail u citywalks@astm.lu.

Dëse Projet gëtt vun der Europäescher Union finanzéiert an ass eng Zësummenaarbescht vun Action Solidarité Tiers Monde, Klima-Bündnis Lëtzebuerg und Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal.

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :