E flotte Succès fir den Lëtzebuerger Klimadag

Home News Beiträge E flotte Succès fir den Lëtzebuerger Klimadag

E flotte Succès fir den Lëtzebuerger Klimadag

Klima-Bündnis Lëtzebuerg Beckerich 11 Juni 2010




Fir 3. Kéier hat d’Klima-Bündnis
Lëtzebuerg säin Klimadag organiséiert, dës Kéier den 11. Juni nomëttes zu
Jonglënster am Centre polyvalent Gaston Stein. Hei hunn verschidde
Membergemengen hier flottste Projets’en aus de leschte Joeren presentéiert,
Projets’en aus de Beräicher Energie, Mobilitéit, Nord-Süd oder och nach Ernierung.

Jidderee konnt bei
jiddereen luusse goen, mat de Responsabelen schwätzen a sech déi eng oder aner Ureegung
huelen. D’Klima-Bündnis Lëtzebuerg ass jo e Netzwierk, dofir ass et ëmmer
wichteg déi eenzel Leit aus de verschiddene Gemengen bei esou Geleeënheeten
zesummen ze féieren. Den Intressi war dann och nawell grouss, grad ewéi och den
Intressi un de Presentatiounen déi d’ Koordinatioun vum Klima-Bündnis
Lëtzebuerg virbereet hat.

Dat éischt war den
neie Guide „Kulinarische Klimaschutz an der Gemeng“ wou d’Gemengen eng Hëllef
ugebuede kréien fir d’Liewensmëttel an d’Gedrénks, déi se fir Fester, Receptiounen
oder Réuniounen akafen méi nohalteg, fair a klimafrëndlech auszewielen. Dëse
Guide, dee vum Myriam Schiltz aus dem Oekozenter Lëtzebuerg mat ausgeschafft
gouf, gëtt nach begleet vun enger Sammlung mat Rezepter vum Lydie
Müller-Philippy, déi alleguerten op esou Evenementer ausgeriet sënn. De Guide
an d’Rezepter kritt een beim Klima-Bündnis oder beim Oekozenter Lëtzebuerg, et
kann ee sech se och um Internet eroflueden.

Invitéiert waren dës
Kéier och Stänn mat biologeschen oder fairgehandelten Liewensmëttel, fir déi
grouss Bandbreed ze weisen op déi Gemengeresponsabel elo schonns kennen zréckgräifen
beim Akaf.

E bësse méi spéit war
et um Miguel Morcillo, vum europäesche Sekretariat vum Klima-Bündnis zu
Frankfurt, fir zesumme mam Monique Leffin d’Aarbechten zum lëtzeboieschen
kommunalen CO2-Bilanzéierungstool ze presentéieren. Eng Rei vu Pilotgemengen wäerten
dësen Internet-Tool an de nexte Méint testen a verbesseren, sou dat fir Uganks
2011 eng definitiv Versioun zur Verfügung stoe soll, mat deem dann all
Membergemeng hiren CO2-Ausstouss ka berechnen.

De ganzen Klimadag
war nëmmen dank der gudder Zesummenaarbecht mat de Responsabelen vun der Jonglënster
Gemeng an der Équipe vum Centre polyvalent méiglech. Hinnen all en decke Merci
fir déi grouss Ënnerstëtzung!

 

Hei fannt Dir eis Fotogallerie !

 

S'inscrire à la newsletter

Pour être sûr de ne manquer aucune actualité, inscrivez-vous à notre lettre d'information en saisissant votre adresse e-mail dans le formulaire ci-dessous :