Wéi schons ugekennecht, as d’Joereskonferenz vum
Klimabündnis dest Joer zu Perugia/Italien vu Mettwoch 14. bis Freides 16.
Abrell.
De Programm fannd Dir hei
Well Perugia zwar wonnerschéin ma vu Lëtzebuerg aus net
gudd mam Zuch z’erreechen (an de Fliiger net wierklech klimafrendlech) as,
hu mer e bequemen Reesbus organiséiert mat deem mer iwer Nuecht ze
fueren.
Timing:
Dohin: Départ Denschdes de 13. Abrell am spéiden Nometten
(arrivée Mettwochs moies zu Perugia).
Zreck: Freides spéiden nometten (arrivée Samsdeg
moies zu Lëtzebuerg)
Präis: 100.-€ fir den aller-retour pro Persoun. Den Hotel as net dran a muss vu jidderengem eenzel réservéiert ginn.
Am attach e klenge Formulaire fir ze réservéiren, séier zreckmailen
oder faxen weg.